D’Jeanne Lehair ass elo offiziell fir d’Olympesch Spiller zu Paräis qualifizéiert. Déi 29 Joer al Triathletin, déi zanter 2022 fir Lëtzebuerg un den Depart geet, huet d’Olympesch Qualifikatioun op der 9. Plaz ofgeschloss.