FuttballJeff Strasser zu Nidderkuer confirméiert, Henri Bossi op d'Jeunesse

RTL Lëtzebuerg
Den Henri Bossi gëtt neien Trainer vun der Jeunesse. Hien huet bei deenen Escher ee Kontrakt fir eng Saison ënnerschriwwe mat der Optioun fir eng zweet.
© Cliff Block

De Bossi hat jo wärend der Saison annoncéiert, net zu Hueschtert ze bleiwen.

RTL-Informatiounen, datt de Jeff Strasser zu Nidderkuer als neie Coach presentéiert gëtt, goufen dann e Méindeg den Owend och vum Veräin confirméiert. Hie war jo d’lescht Saison bei der Jeunesse.

E Méindeg den Owend um 18.30 Auer huet de Progrès Nidderkuer hiren neien Trainer fir d’Saison 2022/23 an der Persoun vum Jeff Strasser virgestallt. De 47 Joer alen Trainer ënnerschreift e Kontrakt fir déi kommend Saison bei deene Giel-Schwaarzen. Iwwer d’Lafzäit wollt kee sech festleeën.

Jeff Strasser op Nidderkuer/Reportage Franky Hippert

Assistéiert gëtt hien, ewéi dat schonn op der Escher Jeunesse de Fall war, vum Christian Joachim. Ënnert anerem goufen e puer nei Staff-Membere virgestallt:

Victor Da Costa - Directeur générale
Samuel Scholer – Directeur sportive
Jonathan Rigo - Team Manager

En Donneschdeg stellt den Nidderkuerer Veräin nach aacht nei Spiller vir.

Back to Top
CIM LOGO