KarateJennifer Warling elo an Top 25 vun der Welt

RTL Lëtzebuerg
No de staarke Leeschtunge bei der Karate-Weltmeeschterschaft zu Budapest steet d'Lëtzebuergerin elo op der 22. Plaz an der Weltranglëscht.
© RTL-Archiv

Vum 24. bis den 29. Oktober stoungen déi 26. Weltmeeschterschaften am Karate zu Budapest um Programm, ënner anerem war och d’Lëtzebuergerin Jennifer Warling um Start.

D’Lëtzebuergerin huet do hiert Talent nees eng Kéier ënner Beweis gestallt a konnt bis an d’Véierelsfinall virstoussen. Do war si der Venezuelanerin Barbara Perez mat 2:4 ënnerleeën. Als Verdéngscht fir déi staark Leeschtung zu Budapest steet déi 29 Joer al Warling elo op der 22. Plaz an der Weltranglëscht.

Back to Top
CIM LOGO