
An der Kategorie vun der Jenny Warling, ënner 55 Kilo, waren 18 Athletinnen um Depart. Duerch déi gutt Placéierung vun der Lëtzebuergerin hat dës an den éischten zwou Ronnen e Fräilous a konnt sech an der drëtter Ronn kloer mat 6:0 géint Daiana Vancsa aus Ungarn duerchsetzen.
An der Halleffinall huet mat der Zsofia Baranyi eng weider Ungarin gewaart, déi aktuell och den Titel vun der U21-Eurpameeschteg huet. Ma och hei goung de Match un d’Jenny Warling, dëst Kéier mat 9:4. Eng knapp Victoire gouf et dunn an der Finall vun der 25. Editioun vum Budapest Open géint déi Däitsch Mia Bitsch. Hei huet d’Lëtzebuergerin sech 4:3 behaapt.