Karate: K1-Premier-League-TurnéierJenny Warling sammelt zu Paräis wäertvoll Punkten

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuerger Karateka ass no der éischter Ronn schonn eliminéiert, zitt awer e positive Bilan vum Openthalt zu Paräis.
© Karate Luxembourg National Team (Facebook)
D'Jenny Warling um K1-Tournoi zu Paräis
D’Lëtzebuergerin ass no zwou Defaiten an enger Victoire op déi zweet Plaz an der Pool komm.

Beim K1-Premier-League-Turnéier zu Paräis konnt d’Jenny Warling an hirem éischte Match an hirer Pool net iwwerzeegen a verléiert géint eng Vertriederin aus Kasachstan 0:3. Am zweete Match hat et bis kuerz viru Schluss gutt ausgesi fir d’Lëtzebuergerin, éier hir Géignerin mat engem Kapptreffer de Match nach gedréint huet. Domat stoung scho virum leschte Match fest, dass d’Karateka vu Walfer net méi an d’Véierelsfinall komme kéint.

Am leschte Match huet d’Jenny Warling da kloer 7:0 gewonnen a sech awer nach als Zweet an hirer Pool klasséiert. Domat ass et zwar net duergaang, fir en Tour weiderzekommen, mee d’Lëtzebuergerin konnt wäertvoll Punkte fir de Weltranking sammelen. Weider geet fir d’Jenny Warling am Mäerz mam nächsten K1-Tournoi zu Antalya an der Tierkei.

Back to Top
CIM LOGO