
Lo start d’Europameeschterin vun 2019 mam K1 Serie A zu Athen a Griicheland, engem vun de gréissten internationalen Tournoien op der Welt, an déi nei Saison eran. Den Héichpunkt fir d’Jenny Warling dës Saison ass d’Europameeschterschaft am Mee a Kroatien.
Mat enger 9. Plaz ass d’Karateka zejoert Enn Oktober vun der Weltmeeschterschaft zu Budapest an Ungarn nees heem komm. Duerno stoung emol Paus um Programm an zanter Ufank Dezember gouf sech op déi nei Saison preparéiert. Zu Athen geet et elo emol drëm fir ze kucken, wou ee par rapport zu der Konkurrenz steet. D’Ziler fir 2024 sinn dann och kloer definéiert:
Fir elo dëst Joer ass d’Europameeschterschaft, awer eben och dës K1, an do ass et da fir Punkten ze sammelen, fir an der Weltranglëscht no uewen ze kommen.
Mat hiren 29 Joer hat d’Jenny Warling schonn eng Rei schwéier Blessure wéi zum Beispill Kräizbandrëss am Knéi. Am Ufank vun engem Joer reflektéiere vill Leit jo ëmmer, wéi et an Zukunft soll weidergoen. Bei Sportler ass dat vun engem gewëssenen Alter an engem gewëssene Patientendossier net anescht, d’Jenny Warling:
Jo genee, also ech hu mer no der Weltmeeschterschaft d’lescht Joer d’Fro misse stellen, maachen ech weider och net. Vue datt ech d’Medail verpasst hat an ech awer nach gutt konnt mathalen, hunn ech geduecht, nach zwee Joer drun ze hänken. Dëst Joer wäert nämlech keng Weltmeeschterschaft sinn, déi ass dann eben d’nächst Joer a bis dohi geet dann och elo emol virleefeg mäi Karriärsplang.
Lo ass d’Karateka awer emol um Samschdeg beim K1-Serie-A-Tournoi zu Athen am Kunite an der Kategorie bis 55 Kilo am Asaz an déi begeeschtert Futtballspillerin huet wéi ëmmer den Éiergäiz, fir um Enn vun der Kompetitioun ganz uewen um Podium ze stoen.