KarateJenny Warling wënnt zu Pilsen

RTL Lëtzebuerg
Beim Euro Grand Prix zu Pilsen an Tschechien huet d'Jenny Warling eng staark Leeschtung gewisen a wënnt um Enn an der Finall géint d'Natalia Vargova.
© Archiv

Dëse Grand Prix hu 7 vun den 11 Karateka an der Kategorie -55kg als leschten Test fir d’WM zu Dubai genotzt wat dem Jenny Warling seng staark Leeschtung ënnersträicht. An der Finall konnt sech d’Lëtzebuergerin géint d’Slowakin Natalia Vargova duerchsetzen.

De Parcours vun der Lëtzebuergerin

1. Match:

TSOUTI Sofia (DEN) - WARLING Jenny 0:6

2.Match:

WARLING Jenny - SCHLETTOVÀ Diana (SVK) 2:0

Halleffinall:

WARLING Jenny - CONNELL Amy (SCO) 2:1

Finall:

VARGOVA Natalia (SVK) - WARLING Jenny 1:1 (2:3, Arbitterdecisioun)

Back to Top
CIM LOGO