
D’Jeunesse Esch an den RM Hamm Benfica, dee jo lo FC Luxembourg City heescht, krute se refuséiert.
Fir déi Lizenz ze kréien, muss een eng Rei Krittären erfëllen, ënnert anerem muss en Audit vun der finanzieller Situatioun vum Club vun enger externer Firma gemaach gi sinn.
D’Jeunesse an de Ofsteiger Hamm spillen awer jo souwisou keng Coupe d’Europe. 11 vun deene 14 anere Veräiner kruten d’UEFA-Lizenz direkt an éischter Instanz, déi 3 aner an Zweeter.