Coupe de Luxembourg: 1/16-FinallenJeunesse Esch an Hesper eng Ronn weider

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg huet sech d'Jeunesse Esch mat 2:1 zu Jonglënster duerchgesat. An Hesper huet den RM Hamm Benfica mat 2:1 geklappt.
© Val Wagner

Am nationale Futtball stoungen e Samschdeg déi éischt Matcher vun de 1/16-Finallen an der Coupe de Luxembourg um Programm.

D’Escher Jeunesse aus der BGL Ligue huet sech zu Jonglënster aus der Éierepromotioun duerch Goler vum Todorovic an dem Kouamé mat 2:1 behaapt. Fir d’Lokalekipp huet den Touré de Gol markéiert.

An der zweeter Partie vum Dag stounge sech zwee Veräiner aus der Éierepromotioun géigeniwwer. Hei huet de Swift Hesper mat 2:1 beim RM Hamm Benfica gewonnen.

Back to Top
CIM LOGO