Biathlon zu HochfilzenJohannes Kühn feiert éischt Victoire am Weltcup

RTL Lëtzebuerg
Trotz engem Feeler am Schéissen huet sech den Däitschen am Sprint kloer virum Martin Ponsiluoma behaapt.
© AFP

E Freideg war den Optakt vum Biathlon-Weltcup zu Hochfilzen. Bei den Häre stoung e Sprint iwwer 10 Kilometer um Programm. Hei konnt sech de Johannes Kühn mat enger staarker Leeschtung op der Streck seng éischt Victoire am Weltcup sécheren. No engem Feeler am Schéissen hat den Däitschen um Enn eng Avance vu ronn 14 Sekonnen op de Martin Ponsiluoma aus Schweden. Déi drëtt Plaz war fir den Anton Smolski aus Belarus. Hien hat e Retard vu ronn 20 Sekonnen.

Bei den Dammen huet d’Hanna Sola aus Belarus de Sprint iwwer 7,5 Kilometer gewonnen. Si huet sech kloer mat enger Avance vu 46 Sekonnen op d’Justine Braisaz aus Frankräich behaapt. Déi drëtte Plaz war fir d’Marte Olsbu aus Norwegen. Si hat e Retard vu 50 Sekonnen.

Back to Top
CIM LOGO