
De Johannes Thingnes Bö ass e Freideg beim Biathlon-Weltcup zu Annecy am Sprint ouni Feeler bliwwen a war och op der Streck dee Stäerksten. Fir den Norweger ass et déi 53. Eenzel-Victoire am Weltcup.
Hannert dem Bö sinn de Russ Eduard Latypov (+7,2 Sekonnen) an den Norweger Filip Fjeld Andersen (+18,2 Sekonnen) op déi weider Podiumsplaze komm.