
Den 29 Joer ale Johannes Thingnes Bö - fënneffache Weltmeeschter zu Oberhof - huet d’Course iwwer 10 Kilometer ouni Schéissfeeler dominéiert an huet mat 30 Sekonne Virsprong op säi Brudder de Weltcup-Sprint gewonnen. Mam Sjaastad Christiansen an dem Endre Strömsheim gouf et e véierfachen Triumph fir Norwegen.
Fir de Johannes Bö war et schonn déi zwieleft Eenzel-Weltcup-Victoire an dësem Wanter, nieft véier Reussitte mat der Staffel. Eng Gesamt-Victoire fir den Norweger schéngt immens probabel.