Video vum Andy BauschJonk Athlete fir d'Liichtathletik motivéieren

Lynn Kayser
Tom Flammang
Déi lescht Méint waren duerch d'Corona-Pandemie fir d'Sportveräiner eng grouss Erausfuerderung. Ëmmer nees huet ee sech op nei Mesurë missen astellen.
Video FLA
Jonk Athlete fir d’Liichtathletik motivéieren

Och d’Liichtathletikfederatioun huet sech do missen upassen. Trotz allem waren dëst Joer eng jett Manifestatiounen an och un Highlighten huet et net gefeelt. An engem Video, dee vum Andy Bausch realiséiert gouf, léisst d’FLA dës nach emol Revue passéieren.

Jonk Athlete fir d’Liichtathletik motivéieren/Rep. L. Kayser

Erausgestach huet den Exploit vum Charel Grethen op den Olympesche Spiller zu Tokio. De Leefer vum CSL ass aktuell d’Aushängeschëld vun der Lëtzebuerger Liichtathletik. Am Video vun der FLA riicht hie sech dann och un déi Jonk: “Gleeft un iech. D’Liichtathletik lount sech. Bleift drun”.

Bei der FLA hofft een, datt een duerch de Charel Grethen nei Athleten an Athletinne fir dës ganz villfälteg Sportaart ka gewannen. An der Vergaangenheet hätt sech dat jo och schonn a ville Länner a Sportaarte bewisen, sou de Generaldirekter vun der FLA Jean-Sebastien Dauch. Natierlech ass dat schwéier ze moossen an et weess een och nach net, wéi vill Athleeten ee villäicht och duerch d’Corona-Pandemie verluer huet, ma duerch déi aktuell Zuelen, déi ee vun de Veräiner matgedeelt krut, ass ee positiv gestëmmt. Hei gouf et nämlech elo am Hierscht vill nei Inscriptiounen an et si vill Kanner dobäi, déi virdrun nach keng Liichtathletik gemaach hunn, sou de Jean-Sébastien Dauch.

Fir d’Sportler bei der Staang ze halen, brauch een natierlech och Competitiounen. Hei gouf et an de leschte Méint dacks vill Inconnuen, wat sech duerch déi aktuell Restriktiounen dierft verbesseren. Vill Veräiner sinn dann och motivéiert, fir nees Kompetitiounen ze organiséieren. Natierlech wäert ee sech ëmmer nees mussen adaptéieren, ma do péckt och d’Federatioun eng Hand mat un.

Déi nächst Course hei am Land ass de 14. November. Hei gëtt zu Rodange den éischte Cross organiséiert.

Jonk Athlete fir d'Liichtathletik motivéieren
Interview mam Jean-Sebastien-Dauch (FLA)

Back to Top
CIM LOGO