
Déi 23 Joer jonk Schwëmmerin konnt e Freideg en neien nationale Rekord iwwer 50 Meter Crawl opstellen. D’Julie Meynen huet no 24 Sekonnen a 75 Honnertstel ugeschloen a war domat een Honnertstel méi séier wéi bei hirer aler Beschtzäit.
Bei der International Swimming League geet d’Lëtzebuerger Schwëmmerin fir d’Ekipp Toronto Titns un den Depart.