
De Julien Henx ass een neie Lëtzebuerger Rekord iwwer 50 Meter Crawl am 25-Meter-Baseng geschwommen. Hien huet no 21 Sekonnen a 57 Honnertstel ugeschloen. Säin ale Rekord louch bei 21 Sekonnen an 78 Honnertstel.
De Schwëmmer aus der Elite Sportsektioun vun der Arméi huet d’Halleffinall ëm 28 Honnertstel verpasst.