Schwamm-WMJulien Henx gëtt iwwer 50 Meter Papillon den 38ten

RTL Lëtzebuerg
Trotz senger séierster Zäit zanter 2019 bleift de Julien Henx 15 Honnertsdel iwwert sengem eegenen nationale Rekord.
© RTL-Archiv

Optakt en Dënschdeg vun der Schwammweltmeeschterschaft am 25-Meter-Baseng zu Melbourne an Australien. De Julien Henx huet iwwer 50 Meter Papillon no 23 Sekonnen an 30 Honnertstel ugeschloen. De Schwëmmer aus der Elite Sport Sektioun vun der Arméi kënnt domat op déi 38. Plaz ënner 77 Konkurrenten. Um Enn bleift de 27 Joer alen Henx 15 Honnertstel iwwert sengem eegenen nationale Rekord, ass awer säi séiersten Chrono an dëser Disziplin zanter 2019 geschwommen.

Back to Top
CIM LOGO