Triathlon-WMJunioren a Juniorinne kämpfen um Donneschdeg ëm den Titel

RTL Lëtzebuerg
Vum 13. bis de 16. Juli ass d'WM am Triathlon zu Hamburg. De gréissten Triathlon weltwäit geet am Häerz vun Hamburg iwwert d'Bün.

D’Schwammen an der Alster, duerch e 40 Meter laangen Tunnel, mam Vëlo an zu Fouss laanscht d’Hotspotte vun dëser bei Touriste beléifte Stad, mat Arrivée um Rathausmarkt.

Bei de Juniore sinn den David Lang, de Poli Stoffel an den Aurélien Carré op der Sprintdistanz am Asaz (0,5km Schwammen, 20km Vëlo, 5km Lafen) a bei de Juniorinnen d’Linda Krombach an d’Gwen Nothum.

D’lescht Joer gouf den David Lang 6. op der Weltmeeschterschaft vun de Junioren, sou dass ee ka gespaant sinn, wéi dee jonken Triathlet zu Hamburg wäert ofschneiden.

© Bern Thill

D’Jeanne Lehair an de Bob Haller starte bei der Elite iwwer d’Olympesch Distanz (1,5km Schwammen, 40km Vëlo, 10km Lafen). D’Jeanne Lehair gouf viru kuerzem Europameeschterin a wëll e Wuert matschwätzen, wann et ëm d’Victoire geet. Beim Bob Haller steet d’Fro am Raum, wéi hie sech vu senger Chute wärend de European Games erholl huet.

Portrait Jeanne Lehair
Vum 13. bis de 16. Juli ass d’WM am Triathlon zu Hamburg. De gréissten Triathlon weltwäit geet am Häerz vun Hamburg iwwert d’Bün.

De Bob Haller an d'Jeanne Lehair virum Depart op Hamburg.
De Bob Haller an d’Jeanne Lehair virum Depart op Hamburg.
© Bern Thill

No der 11. Plaz op de European Games kann een och gespaant sinn, wat fir eng Plaz am Relais Mixte erausspréngt, wann d’Topnatiounen ëm de Weltmeeschtertitel kämpfen. Hei ginn de Bob Haller, de Gregor Payet, d’Jeanne Lehair an d’Eva Daniëls un den Depart.

En Donneschdeg de Moien huet de ganze Grupp e Schwammtraining duerchgezunn, dat an enger oppener Piscine mat 2 50-Meter-Bassengen, e puer Kilometer vum Zentrum vun Hamburg ewech geleeën.

Triathlon-WM
Lëtzebuerger Dammen an Hären hunn en Donneschdeg de Moien trainéiert.

Um 17 Auer steet dann de Weltmeeschtertitel fir d’Juniorinnen an um 19 Auer fir d’Junioren um Spill. De Parcours ass flaach, awer ganz technesch, mat ville schaarfe Kéieren. Et ass Ree gemellt, dat wäert d’Kompetitioun net méi einfach maachen.

Back to Top
CIM LOGO