
De fréiere Futtballspiller huet a senger Karriär 21 Mol den Dress vun der franséischer Nationalekipp gedroen an huet dobäi 30 Goler markéiert - eleng 13 dovunner an nëmme 6 Matcher bei der Weltmeeschterschaft 1958 a Schweden. Dat ass bis haut Rekord fir eng WM - e Rekord, dee wuel nach laang wäert bestoe bleiwen.
