Internationale FuttballJuve steet an der Finall vun der Coupe, Leipzig klappt Hoffenheim

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend war den Optakt vum 31. Spilldag an der Bundesliga, wou Hoffenheim Besuch krut vun RB Leipzig. Weider gouf och an Italien nees gespillt.
© AFP (Archiv)

D’Ekipp vum Trainer Julian Nagelsmann konnt sech an enger animéierter Partie mat 2:0 géint Hoffenheim duerchsetzen a verdeedegt domat déi 3. Plaz an der Tabell. E Samschdeg ass dann d’Suite vum 31. Spilldag, wou deemno wéi schonns eng Partie Decisioune fale kéinten.

Och an Italien gëtt nees Futtball gespillt an hei ass et direkt lassgaange mat der Halleffinall vun der Coupe tëscht Juventus Turin an dem AC Mailand. No engem 0:0 steet Juventus Turin an der Finall.

TSG Hoffenheim - RB Leipzig 0:2

Et war nawell eng turbulent Ufanksphas tëscht Hoffenheim a Leipzig. No nëmme 5 Minutten huet den Arbitter nämlech no engem Foul vum Gulacsi um Dabbur op Eelefmeter fir Hoffenheim decidéiert. No Kontroll vum Video-Assistent huet deen awer net gezielt, well de Baumgartner am Viraus mat der Hand um Ball war.

Wéi wann dat net batter genuch gewiescht wier, huet Leipzig direkt an der nächster Attack den 1:0 markéiert. De Mukiele huet den Olmo an der Mëtt fonnt an deen huet de Ball mat der Pick eragesat.

Nëmmen 2 Minutte méi spéit stoung et du schonns 2:0. No engem laange Ball an d’Spëtzt huet de Sabitzer mam Kapp de Ball opgeluecht fir den Olmo an op en Neits konnt de jonke Spuenier de Ball eraschéissen.

Bis zur Paus sollt sech um Stand net vill änneren, och wann Hoffenheim direkt e puer gutt Chancen hat, fir de Match nees spannend ze maachen.

An der zweeter Hallschent war de Match laang net méi esou temporäich wéi nach an den éischte 45 Minutten. Hoffenheim huet weider probéiert dogéintzehalen, war elo awer vill manner geféierlech. Leipzig huet an der Schlussphas nach eemol opgedréint, e Gol soll awer net méi falen an esou wanne si de Match mat 2:0 a behaapten déi 3. Plaz an der Tabell.

Juventus Turin - AC Mailand 0:0

Nodeems den Allersmatch 1:1 ausgaangen ass, ass et e Freideg den Owend fréi am Match héich hiergaangen. No gutt enger Véierelsstonn gouf et Eelefmeter fir Juventus, de Cristiano Ronaldo huet dësen awer nieft de Gol geschoss.

An der 17. Minutt krut den Ante Rebic dunn déi rout Kaart, esou dass Mailand just nach zu 10 war.

Dat huet Milan awer net aus dem Konzept bruecht, déi stoungen an der Defensiv nämlech immens stabil. D’Juve huet sech bis zum Enn vum Match d’Zänn un der Defense vum AC ausgebass, ma den 0:0 sollt fir d’Haushären duergoen, well si sinn duerch den Auswäertsgol aus dem Allersmatch een Tour weider a stinn domat an der Finall vun der Coppa Italia.

Back to Top
CIM LOGO