UefaJuventus Turin däerf net an der Conference League starten

RTL Lëtzebuerg
Déi Europäesch Futtball-Unioun huet den italieenesche Rekordchampion wéinst finanziellen Onreegelméissegkeete vun der Conference League ausgeschloss.
© AFP

Juventus Turin hat déi lescht Saison schonn an der Serie A eng Strof kritt. Wéinst der presuméierter Fälschung vu Bilanen hat een zéng Punkten ofgezu kritt. Doduerch war een am Championnat net iwwert déi 7. Plaz erauskomm.

Mat dëser Plaz wier een d’nächst Saison eigentlech an der Conference League dobäi gewiescht, ma dorausser gëtt näischt. D’Uefa huet den italieenesche Rekordchampion aus der Competitioun ausgeschloss, dat wéinst finanziellen Onreegelméissegkeeten. Donieft huet Juventus eng Strof an Héicht vun 20 Milliounen Euro kritt, wouvunner der zéng ausgesat ginn, wann d’Joresrapporte fir d’Geschäftsjoren 2023, 2024 an 2025 den offiziellen Ufuerderungen entspriechen.

Der Finanzkontrollkommissioun vun der Uefa no huet Juventus ënnert anerem géint d’Reegele vum finanzielle Fairplay verstouss. D’Juve huet matgedeelt, datt een déi “angeeblech Verstéiss” weider fir falsch hält, op en Appell géing een awer verzichten.

Back to Top
CIM LOGO