
Den nächste Samschdeg spillt d’Futtball Nationalekipp an der WM-Qualifikatioun géint Serbien. Dëse Freideg huet de Luc Holtz de 25 Mann staarke Kader bekannt ginn. Nei dobäi ass de Michael Omosanya vun der Fola. Et ginn awer 3 wichteg Absenten. No hire Blessuren feelt et dem Vincent Thill, de Marvin Martins an dem Lars Gerson nach u Spillpraxis.
Net zeréck behal gouf de Florian Bohnert.
Am Allersmatch huet d’FLF-Selektioun 1-4 a Serbien verluer. Am neie Stade de Luxembourg hofft de Luc Holtz op ee bessert Resultat. Allerdéngs feele mam Christopher Martins an dem Gerson Rodrigues zwee ganz wichteg Spiller, well se gespaart sinn.
Luc Holtz: Dat ass dat wat mir am meeschte Kappzerbrieches mécht. Dat sinn déi zwee Spiller bei eis, déi d’Intensitéit an d’Explosivitéit vun de Leef hunn. An déi feelen elo fir deen dote Match. Wéi brénge mir et fäerdeg déi doten Natioun am defensive Beräich ze neutraliséieren an offensiv Golchancen erauszespillen. Dat ass dee Gedanken, deen ech mir an de leschte Woche 24 op 24 Stonne maachen.
Nom Match géint Serbien spillen d’Lëtzebuerger 3 Deeg drop a Portugal.

120.000 Klicke fir 2.000 Ticketen - Wéini kënne méi Leit an de Stadion?