WM-Qualifikatioun 2023Kader vun de Roude Léiwinne fir déi lescht zwee Matcher steet

RTL Lëtzebuerg
Den 2. September geet et fir d'Nationalekipp um Escher Gaalgebierg géint Nordirland. De 6. September steet de Match géint England zu Stoke um Programm.
Kader vun de Roude Léiwinne fir déi lescht Matcher steet
Den 2. September geet et fir d’Nationalekipp um Escher Gaalgebierg géint Nordirland. De 6. September steet de Match géint England zu Stoke um Programm.

FLF-Dammen géint Nordirland an England / Sam Rickal

Dës zwee Matcher sinn déi lescht Matcher fir d’Rout Léiwinnen an der Qualifikatiounscampagne fir d’Weltmeeschterschaft 2023, déi an Australien an an Neiséiland gespillt gëtt. Den Ament stinn d’Lëtzebuergerinnen an der Grupp D op der 4. Plaz mat 9 Punkten. Den éischte Géigner vun de Léiwinne steet genee eng Plaz virun der Lëtzebuerger Formatioun. Dëst mat 13 Punkten. D’ Englännerinne sinn déi Éischt am Grupp mat voller Punktzuel no 8 Matcher. Op Säite vun de Lëtzebuergerinnen dierft dat grousst Zil sinn, fir zwee Mol eng gutt Prestatioun ze weisen a fir déi 4. Plaz am Grupp virun Nordmazedonien a Lettland ze verdeedegen.

Fir de Match an England ginn et iwwerdeems keng Tickete méi ze kafen. De Match ass nämlech ausverkaaft. D’Rout Léiwinne spillen zu Stoke deemno virun enger Kuliss vun 30.000 Leit.

Hei gesitt Dir de Kader vun de Léiwinnen:

Back to Top
CIM LOGO