Barrage-Matcher sti festKäerjeng géint Beetebuerg, Fola géint Kanech

RTL Lëtzebuerg
Nom leschte Spilldag vum Championnat goufen d'Partië fir de Barrage gezunn.
© RTL / Val Wagner (Archiv)

Et ware jeeweils zwou Ekippen aus der BGL Ligue an aus der Éierepromotioun an der Zéiung: d’Fola Esch a Käerjeng als 13. respektiv 14. vun der ieweschter Divisioun a Beetebuerg a Kanech als 3. respektiv 4. aus der zweethéchster Spillklass.

Beim Tirage e Sonndeg um 19 Auer goufen d’Partië Käerjeng géint Beetebuerg a Fola géint Kanech gezunn. D’Plaz, wou déi respektiv Matcher ausgedroe ginn, gëtt nach bekannt ginn.

PDF: D'Schreiwes vun der FLF mat den Auerzäiten an Datume vum 22. Mee.

Back to Top
CIM LOGO