Elo offiziellKaiserslautern huet Demande fir Faillite beim zoustännege Geriicht agereecht

RTL Lëtzebuerg
Den 1. FC Kaiserslautern huet e Méindeg offiziell matgedeelt, datt een eng Demande fir Faillite beim zoustännege Geriicht agereecht huet.

Scho virun der Corona-Kris hat de Club vum Betzenberg d’Garantie vun 2,6 Milliounen Euro vum Flavio Becca gezunn, fir weider Liquiditéiten ze behalen.
Den FCK huet Scholden an Héicht vun iwwer 20 Milliounen Euro. Donieft sollen aktuell eng ronn 15 Milliounen Euro feelen, fir d’Lizenz fir déi nei Saison ze kréien.

D’Ekipp vum Betzenberg wäert awer dës Saison keng Punkten an der Tabell ofgezu kréien. Den DFB hat d’Reegel vun den 9 Punkten, déi ee soss bei “Insolvenz” ofgezu kritt, wéinst der Corona-Kris ausgesat.

Back to Top
CIM LOGO