Lëtzebuerger Sportler am AuslandKamil Rychlicki gewënnt mat Lube Civitanova, Zuidberg verléiert mat Waremme

RTL Lëtzebuerg
Am Basket huet d'Mandy Geniets mat Royals Saarlouis an der 1. Däitscher Bundesliga am Kellerduell géint Flippo Baskets Göttingen mat 80 op 46 verluer.
© RTL (Archiv)

Am belsche Volleyball-Championnat huet VBC Waremme mam Chris Zuidberg 0:3 (13:25, 16:25, 18:25) géint Knack Roeselare verluer. De Lëtzebuerger Nationalspiller huet wärend deenen 3 Sätz 3 Punkten geschoss.

Am italienesche Volleyball-Championnat huet um Sonndeg den Owend de Kamil Rychlicki mat Lube Civitanova auswäerts géint Vibo Valentina mat 3:1 (25:27, 25:18, 25:17, 25:21) gewonnen.

Back to Top
CIM LOGO