
An der 34. Minutt konnt Schweden duerch e Gol vum Stina Blackstenius no Virlag vum Kosovare Asllani nach a Féierung goen. D’Kanadierinnen hunn aus dem Spill eraus keng richteg Äntwerte fonnt a konnte just wéineg Golchance kreéieren.
Ma no engem Foul um Christine Sinclair krute si an der 67. Minutt en Eelefmeter, deen d’Jessie Flemming vun Chelsea sécher konnt verwandelen. D’Schwedinne waren an der 2. Hallschent net méi sou staark an huet de Match e bëssen aus der Hand ginn, an der Schlussphas ware si et awer dunn nees, déi e puer grouss Chancen zur Entscheedung leie gelooss hunn.
An der Verlängerung waren et och d’Fraen aus Nordeuropa, déi de Match dominéiert hunn an op den zweete Gol gedréckt hunn, ma Kanada huet sech awer an d’Eelefmeeterschéisse konnte retten.
Hei hunn d’Spillerinne vun deenen zwou Ekippen dunn Nerve gewisen, um Enn war et awer den Aussesäiter Kanada, deen no 6 Schëss vu béiden Ekippe mat 3:2 gewanne konnt. Iwwer de ganze Match gesinn ass dat zwar net ganz verdéngt, mee d’Kanadierinnen hunn 120 Minutte laang gekämpft a Schweden huet eng sëllege Chancen net genotzt.
Domat huet Kanada am Dammefuttball zu Tokio Gold gewonnen a Schweden muss sech trotz engem staarken Tournoi mat der Sëlwermedail zefridde ginn. Am Match ëm déi 3. Plaz konnten d’USA sech schonn um Donneschdeg mat 4:3 géint Australien duerchsetzen.
