NFLKansas City Chiefs géint San Francisco 49ers am Super Bowl

RTL Lëtzebuerg
D'Kansas City Chiefs setze sech géint d'Baltimore Ravens duerch, iwwerdeems d'San Francisco 49ers géint d'Detroit Lions gewannen.
© AFP

Den Titelverdeedeger, d’Kansas City Chiefs, konnt sech an der Nuecht op e Méindeg an der Finall vun der AFC-Conference 17:10 bei de Baltimore Ravens behaapten. Et war ee Match, bei deem virun allem d’Defense vun den Chiefs sech beweise konnt. Géint déi staark Offensiv vun de Ravens, déi an der Regular Season déi Bescht waren, huet d’Chiefs-Defense ëmmer nees a wichtege Situatioune gutt agéiert. De Star-Quarterback vun den Chiefs, de Patrick Mahomes, huet donieft mat senger Offensiv fir déi néideg Punkte gesuergt, dat mat ënnert anerem enger Touchdown-Pass op den Travis Kelce.

A San Francisico klappt doheem an der NFC-Finall d’Detroit Lions 34 op 31. Dobäi hat et laang Zäit guer net gutt ausgesi fir d'49ers. D’Lions ronderëm de Quarterback Jared Goff si richteg gutt an de Match erakomm. Mat engem gudde Mix aus staarkem Lafspill a Passe konnte si sech eng Avance vu 17 Punkten erausspillen, dat beim Stand vu 24:7. An der Suite si Brock Purdy a Co. awer méi staark ginn, dat esouwuel offensiv wéi defensiv. E wichtege Pilier war nees de Running Back Christian McCaffrey, deen zwee Touchdowns markéiere konnt. D’Lions si komplett agebrach an d'49ers hu 27 Punkten um Stéck markéiert.

Domat ass et eng Nei-Oplag vum Super Bowl 2020. Deemools konnten d’Chiefs sech zu Miami duerchsetzen. De Super Bowl dëst Joer ass den 11. Februar zu Paradise am Bundesstaat Nevada. Gespillt gëtt am Allegiant Stadium vun de Las Vegas Raiders.

© AFP

Back to Top
CIM LOGO