Internationale FuttballKapp-u-Kapp-Duell tëscht Arsenal a ManCity geet weider, Real feiert Titel

RTL Lëtzebuerg
Real Madrid kann de 36. Meeschtertitel feieren, well Barcelona 2:4 géint Girona verluer huet. An der Ligue 1 verléiert Metz onglécklech géint Rennes.
© AFP

Bundesliga

De Resumé vun de Matcher aus der Bundesliga fannt Dir hei.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

Arsenal - Bournemouth 3:0
1:0 Saka (45', Eelefmeter), 2:0 Trossard (70'), 3:0 Rice (90'+7)

Arsenal huet am Kampf ëm d’Meeschterschaft virgeluecht a Manchester City ënner Zuchzwang gesat. D’Gunners hunn am Heemmatch vun Ufank un den Toun uginn, konnten awer just eng vu 16 Golchancen an der éischter Hallschent an e Gol ëmmënzen, an dat war och nach en Eelefmeter. Am zweeten Duerchgang huet sech de Spectateuren dat selwecht Bild presentéiert. Nom 2:0 war de Match gelaf an Arsenal konnt an der Nospillzäit nach een dropsetzen.

Manchester City - Wolverhampton 5:1
1:0 Haaland (12'), 2:0 Haaland (35'), 3:0 Haaland (45'+3, Eelefmeter), 3:1 Hwang Hee-Chan (53'), 4:1 Haaland (54'), 5:1 Alvarez (85')

D’Meeschtercourse bleift no der souveräner Victoire vu Manchester City weiderhi spannend. Man of the Match war den Erling Haaland, dee véier Goler bäisteiere konnt. Wolverhampton huet de ganze Match iwwer ouni Loscht gewierkt. An der Tabell leien d’Skyblues weiderhin ee Punkt hannert Arsenal, hunn awer nach ee Match nozehuelen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Sassuolo - Inter Mailand 1:0
1:0 Lauriente (20')

De frëschgebakenen italieenesche Champion huet sech um 35. Spilldag seng zweet Néierlag agefaangen, an dat géint den Ofstigskandidat vu Sassuolo. Nom Gol fir Sassuolo hat Inter eigentlech kuerz virun der Paus ausgeglach, mee de Gol gouf vum VAR oferkannt. Am weidere Verlaf konnt Mailand de Score net egaliséieren, soudass Sassuolo nees mat Hoffnung am Ofstigskampf an déi lescht Matcher geet.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Monaco - Clermont 4:1
1:0 Minamino (16'), 1:1 Muhammed Cham (34'), 2:1 Embolo (37'), 3:1 Ben Yedder (57'), 4:1 Ben Yedder (87')

Monaco sammelt géint d’Schlussliicht Clermont wichteg Punkten am Kampf ëm déi zweet Plaz.

Metz - Rennes 2:3
1:0 Mikautadze (17'), 1:1 Gouiri (23'), 2:1 Diallo (45'), 2:2 Bourigeaud (73'), 2:3 Kalimuendo (90'+3)

Den FC Metz muss eng batter Néierlag am Kampf géint den Ofstig astiechen. Obwuel d’Grenats gutt an de Match komm waren an esouguer zweemol a Féierung louchen, sollt et um Enn net duergoen, fir op d’mannst ee Punkt am Stade Saint-Symphorien ze halen. Well de Konkurrent Le Havre gläichzäiteg dräi Punkte géint Stroossbuerg agesäckelt huet, steet Metz zwee Spilldeeg viru Schluss mat 29 Punkten op der Relegatiounsplaz.

Brest - Nantes 0:0

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Real Madrid - Cadiz 3:0
1:0 Diaz (51'), 2:0 Bellingham (68'), 3:0 Joselu (90'+4)

Real Madrid konnt kee Kapital aus dem héije Ballbesëtz an der éischter Hallschent schloen. Cadiz huet och duerch vereenzelt Kontere geféierlech virun de madrileenesche Gol kommen. An den zweete 45 Minutten huet Madrid seng Chancen awer séier genotzt a war domat op der Gewënnerstrooss. Nom 2:0 war de Match gelaf, mee d’Madrileenen hunn an der Nospillzäit nach een dropgesat. Domat ass Real déi 36. spuenesch Meeschterschaft net méi ze huelen.

Girona - FC Barcelona 4:2
0:1 Christensen (3'), 1:1 Dovbyk (4'), 1:2 Lewandowski (45'+1), 2:2 Portu (65'), 3:2 Gutierrez (67'), 4:2 Portu (74')

Dat, well den Tabellenzweete Barcelona 2:4 bei der Iwwerraschungsekipp vu Girona verluer huet a Real Madrid an de verbleiwende Matcher net méi anhuele kann. Barcelona hat an der éischter Hallschent e gudde Match gewisen, fir am zweeten Duerchgang anzebriechen. Girona huet de Match bannent dräi Minutte gedréint a souguer nach ee Gol dropgesat. Um Enn gouf net nëmmen zu Madrid, mee och zu Girona gefeiert, well Girona spillt d’nächst Saison definitiv an der Champions League.

Mallorca - Atlético Madrid 0:1
0:1 Riquelme (5')

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO