
AFP huet vun engem Insider vum Veräin aus der Stad Jeddah d’Informatioun kritt, datt de Benzema e Kontrakt iwwer dräi Joer ënnerschriwwen hätt.
Detailer zum Kontrakt goufen awer net bekannt. Spueneschen Zeitungen aus de leschten Deeg no war eng Zomm 200 Milliounen fir zwou Saisonen am Gespréich.
Nom Cristiano Ronaldo ass de Benzema den zweete grousse Star, deen et a Saudiarabien géif zéien. Weider sinn och nach de Messi am Gespréich, fir sech engem Veräin aus dem Kinnekräich unzeschléissen an och de Luka Modric soll op der Wonschlëscht vun enger Ekipp stoen. Sollten déi zwee Transferten och realiséiert ginn, géifen alleguer déi Spiller, déi zanter 2008 e Ballon d’Or gewonnen hunn, a Saudiarabien untrieden.