Nei LFL-PresidentinKarine Reuter hëlt am Sträit tëscht LFL an FLF de Wand aus de Seegelen

RTL Lëtzebuerg
Zanter e Méindeg den Owend ass d'Karine Reuter nei Presidentin vun der LFL, der Lëtzebuerger Futtball Ligue.
D'Karine Reuter ass nei Presidentin vun der LFL
D’Karine Reuter gëtt nei Presidentin vun der LFL, dat gouf an der Drénglechkeets-Reunioun vun der Lëtzebuerger Futtball-Ligue decidéiert.

D’Presidentin vum Stater Racing trëtt domat d’Successioun vum Pascal Wagner un, deen de Weekend demissionéiert hat. Am RTL Interview huet d’Karine Reuter dem Sträit tëscht FLF an LFL e bëssen iwwerraschend de Wand aus de Seegele geholl.

LFL-Presidentin am Interview/Reportage Jeff Kettenmeyer

D’Situatioun tëscht der Federatioun an der Ligue hat iwwert de Weekend jo en neien Héichpunkt vun Tensioun erreecht. An engem Communiqué hat d’LFL jo präziséiert, datt den Pascal Wagner als President demissionéiert hätt, well den Drock vum FLF-President Paul Philipp ze grouss gouf.

Déi nei Presidentin vun der LFL d’Karine Reuter schléit am RTL Interview awer däitlech méi versönlech Téin un: “Wat an deene leschten Deeg geschitt ass, ass et besser, wann ee frëndschaftlech matenee fiert. D’Federatioun vertrëtt jo och alleguer d’Clibb a mir als éischt Liga vertrieden éischter eis Besoinen. Déi Ufuerderunge sinn doudsécher ganz anerer wéi an den ënneschten Divisiounen.

Déi zweet Iwwergangssaison mat 15 Ekippen an der BGL Ligue ass der LFL jo en Dar am A. Donieft fillt ee sech méi dacks vun der Federatioun iwwergaangen an net eescht geholl. D’Karine Reuter ass awer optimistesch, datt dat an Zukunft wäert anescht sinn.

Mir hate gëschter Owend eng ganz konstruktiv Reunioun tëscht eis. Ech hat d’Chance, gëschter Moien ee Gespréich mam Här Philipp ze hunn, och dat hunn ech ganz positiv empfonnt. An ech ginn dovun aus, datt mir e Méindeg, wa mir eis all zesumme gesinn, eng Léisung wäerte fannen.”, esou d’Karine Reuter en Dënschdeg.

Vun enger Sträitkultur tëscht FLF an LFL hält déi nei Presidentin net vill. “Ech war 10 Joer laang Riichterin an ech hu geléiert, de Leit nozelauschteren an dat op béide Säiten. An dësem Fall dann d’Ligue an awer och d’Federatioun. Ech denken, et kënnt een ëmmer méi wäit an engem Dialog wéi an engem Sträitgespréich.

Deemno kéint spéitstens den nächste Méindeg och ee méigleche Boykott “ad acta” geluecht ginn.

Back to Top
CIM LOGO