
De Karl Geiger huet bei senger Victoire mat Spréng op 137 an 140 Meter iwwerzeegt. Mat just 0,9 Punkte Retard koum de Japaner Ryoyu Kobayashi op déi zweete Plaz. Hannendrun ass de Slowen Timi Zajc op déi drëtt Plaz gespronge.
Am General huet de Geiger (514 Punkten) elo 118 Punkte Virsprong op de Kobayashi (396 Punkten).