Accord fonntKasper Hjulmand gëtt neien Trainer vu Bayer Leverkusen

RTL Lëtzebuerg
Den däitsche Champion aus der Saison 23/24 huet e Méindeg en neien Trainer offiziell presentéiert.
© AFP

Den Dän Kasper Hjulmand gëtt neie Cheftrainer bei Bayer Leverkusen an der éischter Futtballbundesliga. Dat huet d’Werkself e Méindeg de Mëtteg offiziell bekannt ginn. Den 53 Joer ale fréieren Nationaltrainer vun Dänemark gëtt domadder den Nofollger vum Hollänner Erik ten Hag, deen d’lescht Woch no nëmmen zwee Spilldeeg entlooss gi war.

D’Werkself war mat enger Defaite an engem Remis an déi nei Saison gestart. E Freideg geet et géint den Tabellenzweeten Eintracht Frankfurt.

Back to Top
CIM LOGO