
Och Lëtzebuerger Nationalspiller waren um Sonndeg am Asaz, hei fannt dir den Iwwerbléck vun de Matcher.
Hertha BSC - Bayer Leverkusen 1:1
1:0 Jovetic (42'), 1:1 Andrich (90')
Leverkusen huet an der 1. Hallschent deen néidege Bëss gefeelt, iwwerdeems Hertha et ëmmer nees versicht huet, ouni awer geféierlech ze ginn. Kuerz virun der Paus huet de Jovetic dunn awer nach zougeschloen an huet d’Hertha mat 1:0 an d’Paus geschoss. Alles huet dono ausgesi wéi wann Berlin de Match kéint iwwert d’Bün bréngen, éier den Andrich mat der leschter Aktioun fir de spéiden Ausgläich fir Bayer gesuergt huet.
FC Köln - Union Berlin 2:2
1:0 Modeste (7.’), 1:1 Ryerson (9.’), 1:2 Prömel (45.+1.’), 2:2 Modeste (86.’)
Fréi am Match sinn déi éischt 2 Goler gefall. Nodeems de Modeste no 7 Minutten den 1:0 fir Köln schéisse konnt, war et de Ryerson dee just 2 Minutte méi spéit den Ausgläich gelongen ass. Dono war Köln déi besser a spillbestëmmend Ekipp. Zemools an de Minutten virun der Paus huet den FC op den 2:1 gedréckt mee huet e puer Chance leie gelooss. Berlin huet d’Heemekipp da kuerz virun der Paus souguer iwwerrascht a konnt vun engem Feeler vum Czichos profitéieren an a Féierung goen. No der Paus ass et en intensive Match bliwwen an där et allerdéngs net vill Golchance gouf. An der 86. Minutt war et dann awer alt nees eng kéier de Modeste dee fir Köln den 2:2 schéisse konnt.
Greuther Fürth - Eintracht Frankfurt 1:2
0:1 Rode (75.’), 1:1 Itten (90.+1.’), 1:2 Borré (90.+3.’)
Réischt an der Schlussphase huet de Match sou richteg Tempo opgeholl. Nodeems Frankfurt duerch de Rode verdéngt mat 1:0 a Féierung gaangen ass, konnt den Itten fir Fürth an der 1. Minutt vun der Nospillzäit ausgeglach. Wéi jiddereen geduecht huet dat de Match mat engem 1:1 géif op en Enn goen, déi hunn d’Rechnung ouni de Borré gemaach deen 2 Minutte méi spéit nees d’Féierung fir Frankfurt konnt markéieren an dermadder hinnen 3 Punkte sécheren.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
FC Arsenal - FC Watford 1:0
1:0 Smith Rowe (56')
Huet Arsenal a Persoun vum Aubameyang an der 1. Hallschent nach een Eelefmeter lascht geschoss, huet de Amith Rowe seng Ekipp an der 56 Minutt a Féierung geschoss. Arsenal war iwwerleeën huet awer am allgemengen ze wéineg aus de Chancë gemaach. Um Enn sollt et awer duergoen de Virsprong iwwert Zäit ze bréngen. Säit 10 Matcher sinn d’Gunners no der Victoire géint Watford elo an der Premier League um Stéck ongeschloen.
FC Everton - Tottenham Hotspur 0:0
Souwuel Everton wéi och Tottenham hunn an der 1. Hallschent sou gutt wéi keng geféierlech Aktiounen op den Terrain bruecht. No der Paus ass de Match méi attraktiv an och méi hëtzeg ginn. E Gewënner sollt et beim 1. Match vum Antonio Conte op der Säit vun Tottenham awer net ginn.
West Ham - FC Liverpool 3:2
1:0 Alisson (4.’, Eegegol), 1:1 Alexander-Arnold (41.’), 2:1 Pablo Fornals (67.’), 3:1 Zouma (74.’), 3:2 Origi (83.’)
No 25 Matcher ouni Néierlag huet Liverpool am Spëtzematch géint West Ham United nees eng kéier de Kierzere gezunn. Nodeems den Alisson sech de Ball an der 4. Minutt an den eegene Gol gefauscht huet, konnt den Alexander-Arnold dësen mat engem wonnerschéine Fräistouss an der 41. Minutt ausgläichen. Och no der Paus ass West Ham konzentréiert bliwwen a konnt duerch Goler vum Pablo Fornals an dem Zouma mat 3:1 a Féierung goen. Liverpool ass awer dru bliwwen a konnt duerch den Origi an der 83. Minutt op 2:3 verkierzen. An der Nospillzäit hätt de Mané den 3:3 misse schéissen mee en huet säi Kappball laanscht de Gol gesat.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
FC Venedeg - AS Roum 3:2
1:0 Caldara (3'), 1:1 Shoumurodov (43'), 1:2 Abraham (45+2'), 2:2 Aramu (65'), 3:2 Okereke (74'),
Roum ass an der 3. Minutt kal erwëscht ginn. Kuerz virun der Paus huet den AS dunn direkt zwee mol zougeschloen, sou dass sie mat 2:1 an d’Kabinne gaange sinn. Den Underdog aus dem Tabellekeller huet sech net geschloe ginn an de Match alt erëm zu hire Gonschte gedréint a gewënnt iwwerraschend mat 3:2 géint Roum.
AC Mailand - Inter Mailand 1:1
0:1 Calhanoglu (11.’, Eelefmeter), 1:1 De Vrij (17.’, Eegegol)
An Italien stoung den Derby della Madonnina tëscht AC Mailand an Inter Mailand um Programm. An der éischter Hallschent hat Milan liicht spilleresch Virdeeler mee hu sech 2 kapital Feeler an der Defense gefouert déi zu zwee Eelefmetere gefouert hunn. Den éischte konnt den Calhanoglu eraschéissen mee den zweeten vum Martinez huet den Tatarusanu staark paréiert. Virum zweeten Eelefmeter war Milan duerch en Eegegol vum De Vrij den Ausgläich gelongen. No der Paus war Inter déi méi spillbestëmmend Ekipp, hir puer Chancen konnten se awer net notzen. An de leschte Minutten huet den AC nees op den 2:1 gedréckt an haten och gutt Chancen mee konnten dës net notzen sou dat et mat engem 1:1 op en Enn geet.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Olympique Marseille - FC Metz 0:0
Metz kann an enger emkämpter Partie dem Favorit Olympique Marseille e Been stellen, a spillt 0:0-Gläich. Metz bleift trotz allem awer op der 19. Plaz an der Tabell mat 8 Punkten. Fir Marseille ass et e Réckschlag em Qualifikatioun fir Champions League.
Reims - Monaco 0:0
Monaco kennt weider net richteg a Spuer a léisst och géint Reims Punkte leien. Monaco steet an der Tabell op der 10. Plaz, Reims op der 16.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
FC Valencia - Atletico Madrid 3:3
0:1 Suarez (35.’), 1:1 Savic (50.’, Eegegol), 1:2 Griezmann (58.’), 1:3 Vrsaljko (60.’), 2:3 Hugo Duro (90.+2.’), 3:3 Hugo Duro (90.+6.’)
Bis kuerz viru Schluss huet alles no enger souveräner Victoire fir Atletico ausgesinn wéi se no 90 Minutten mat 3:1 am Avantage waren an eigentlech alles am Grëff haten. Mee an der Nospillzäit huet den 21 Joer jonken Hugo Duro opgedréint an huet mat 2 Goler dem FC Valencia nach ee Punkt gerett.