
Nodeems en Dënschdeg ënnert anerem Chelsea Lille geklappt huet, stoungen um Mëttwoch déi zwee lescht Allersmatcher vun den 1/8-Finallen an der Champions League um Programm.
Keen Gewënner gouf et zu Madrid tëscht Atlético a Manchester United. Obwuel d’Rojiblancos virun allem an der 1. Hallschent déi besser Ekipp waren, muss d’Ekipp vum Diego Simeone sech géint eng enttäuschend Ekipp vu Manchester mat engem 1:1 zefridde ginn.
An enger ënnerhalsamer Partie am Estadio da Luz huet Benfica Lissabon 2:2 géint Ajax Amsterdam gespillt. Bei den Hollänner huet den Haller alt nees getraff. Domat huet de Stiermer vun Ajax an dëser Champions League Saison an all Match markéiert.
1:0 Joao Felix (7'), 1:1 Elanga (80')
Atlético Madrid huet vun der 1. Sekonn un op d’Gaspedall gedréckt an huet United ferm ënner Drock gesat. Gimenez an der 3. Minutt hat déi éischt gutt Chance. An der 7. Minutt war et dunn de Portugis Joao Felix, deen no Virlag vum Renan Lodi per Kappball de Ball an de Filet gehummert huet. Zu dësem Zäitpunkt eng verdéngte Féierung fir d’Ekipp vum Diego Simeone.
No der Féierung huet sech d’Lokalekipp bëssi zeréckgezunn an huet Manchester United d’Spill iwwerlooss. Sancho a Rashford sinn awer net an d’Spill komm, och e Ronaldo war vir am Stuerm op verluerenem Posten. Vill Feeler am Spillopbau huet Manchester United d’Liewe schwéier gemaach, an esou ass an der 1. Hallschent just e geféierleche Schoss Richtung Jan Oblak komm, e Schoss vum Ronaldo an der 37. Minutt.
Kuerz virun der Paus hätt de Vrsaljko nach bal den 2:0 markéiert, säi Kappball gëtt awer vum Lindelöf ofgeblockt, a vun do geet de Ball just un d’Lat. Sou ass et mat engem 1:0 fir Rojiblancos an d’Paus gaangen.
Nom Säitewiessel huet sech um Spillverlaf net wierklech eppes geännert. Bis op e Schoss vum Rashford aus ronn 30 Meter ass de Gäscht vun der Insel an der Offensiv näischt agefall. An der 66. Minutt huet de Ralf Rangnick mat 3 Wiesselen nach emol versicht, Afloss op de Match ze huelen. 10 Minutte viru Schluss war et dunn den agewiesselten Elanga, deen dach nach den éischter onverdéngten Ausgläich no Viraarbecht vum Bruno Fernandes fir Manchester United markéiere konnt.
Kuerz viru Schluss hat den Antoine Griezmann den 2:1 fir Madrid um Fouss leien, de Fransous ass awer un der Lat hänke bliwwen, sou dass de Match mat engem 1:1 op en Enn geet.
0:1 Tadic (18'), 1:1 Haller (Selbstgol, 26'), 1:2 Haller (29'), 2:2 Yaremchuk (72')
Benfica Lissabon hat an der Ufanksphas wuel méi vum Spill, huet sech am Spillopbau awer ze vill Feeler erlaabt, an esou ass kee richtege Spillfloss entstanen. Op der anerer Säit huet Amsterdam e bësse gebraucht bis een am Match war. Dono ass et awer richteg ronn gelaf bei der Ekipp vum Erik ten Hag.
No Virlag vum Mazraoui war et an der 18. Minutt den Tadic, deen d’Féierung fir d’Hollänner markéiere konnt. Dono huet den Haller bannent 3 Minutten direkt zweemol getraff. An der 26. Minutt per Selbstgol zum 1:1 fir Benfica. 3 Minutte méi spéit huet hie säi Bock erëm gutt gemaach an huet Ajax mat 2:1 no 29 Minutten nees a Féierung bruecht. Mam nämmlechte Resultat sollt et an d’Paus goen.
Benfica huet an der zweeter Hallschent alles dru gesat, de Match nach zu hire Gonschten ze dréinen. Everton a Pasveer hunn hir Chancen awer net konnten notzen. Och Ajax hat um Ufank vun der 2. Hallschent Chancen, den Tadic säi Schoss huet de Gol awer knapps verfeelt. An intensiven an hëtzegen zweete 45 Minutten ass et Benfica dunn an der 72. Minutt dach nach gelongen den Ausgläich ze schéissen. De staark opspillende Rafa bedéngt de Yaremchuk, dee mam Kapp den Estadio da Luz zum Kache bruecht huet. 2:2 no 72. Minutten. Mat engem 2:2-Gläich sollt de Match dann op en Enn goen.
Vue que dass d’Auswäertsgoler net méi duebel zielen ass am Réckmatch fir béid Ekippen nach alles méiglech.
Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.