
Nodeems e Samschdeg sech ënnert anerem Manchester City mat 2:1 géint Arsenal an Tottenham mat 1:0 zu Watford behaapte konnt, stoungen um an der englescher Premier League e Sonndeg weider 4 Matcher um Programm.
Op der Stamford Bridge hu sech Chelsea a Liverpool an engem immens intensivem Match alles ofverlaangt. Chelsea, déi ouni de suspendéierte Lukaku ugetruede sinn, ass wuel besser aus de Startlächer komm, Mané a Salah hunn dunn awer äiskal zougeschloen, sou dass den LFC no 26 Minutte mat 2:0 zu London am Avantage louch. Bannent 4 Minutten hunn d’Blues virun der Paus dunn direkt zwee mol markéiert. Kovacic a Pulisic hunn mat spektakuläre Goler fir den 2:2-Remis an der Paus gesuergt. Nom Säitewiessel hunn d’Reds de 6 Gang ageluecht, sinn awer ëmmer nees um Mendy hänke bliwwen. Wat de Match méi laang gedauert huet, ass den Drock vu Liverpool däitlech manner ginn, woubäi Chelsea sengersäits nees de Wee no fir gesicht huet.
Um Enn musse sech béid Formatiounen awer mam 2:2 zefridde ginn, wat en Vue vum Meeschterschaftstitel an der Victoire vu City géint Arsenal awer net wierklech enger Ekipp weider hëlleft.
Zu Brentford koum zu enger 2:1-Victoire vun der Lokalekipp géint Aston Villa. No engem fréie Réckstand ass et dem Rasmussen an der 82. Minutt gelongen de Match zu de Gonschte vu Brentford ze dréinen.
Eng Victoire gouf et och fir Brighton zu Everton. Nodeems Brighton fréi am Match mat 2:0 a Féierung louch, ass et Everton wuel gelongen de Uschloss ze schéissen, zu engem Punkt et sollt et bei der 2:3-Néierlag trotz enger gudder zweeter Hallschent net kommen. D’Ekipp vum Rafael Benitez kennt also och am neie Joer net op Touren.
Um Wupp vun der Tabell ass et donieft zu enger 3:1-Victoire vu Leeds géint Burnley komm.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Real Madrid huet sech den Optakt an dat net Joer sécherlech aneschters virgestallt. Beim Tabelle 16ten vu Getafe hunn déi Kinneklech no engem fréie Réckstand op de Gaspedall gedréckt, Kroos, Modric a Co. konnten déi gutt Chancen an der 1. Hallschent awer net verwäerten. Nom Säitewiessel huet sech zu Getafe um Spillverlaf net vill geännert, den Ausgläicht sollt Real trotz gudden erausgespillte Chancen awer net geléngen, sou dass Getafe iwwerraschend doheem mat 1:0 géint Real Madrid gewënnt.
Atlético Madrid konnt sech am Spëtzematch um fréien Owend no zwee Goler vum Correa mat 2:0 géint Rayo Vallecano duerchsetzen. Atlético steet domat erëm op der 4. Plaz an der Tabell, 2 Punkte viru Rayo.
Um spéide Sonndeg Owend huet sech dann nach Barcelona knapp mat 1:0 no engem Gol vum de Jong zu Mallorca duerchgesat.