
Ënnert anerem konnt Bayer Leverkusen sech mat 2:1 géint Ferencvaros duerchsetzen. Op Säite vum Bundesligist hunn de Palacios an de Wirtz d’Goler geschoss.
Am Match tëscht Betis Sevilla a Celtic Glasgow sinn dann déi meescht Goler um éischte Spilldag gefall. D’Spuenien wannen dëse Match nämlech mat 4:3 géint d’Schotten.
Vun der Affiche hier war wuel de Match Leicester City géint SSC Neapel de Spëtzematch. Hei gouf et um Enn en 2:2-Remis, obwuel den englesche Vertrieder schonns mat 2:0 am Avantage louch.
De Match Eindhoven géint Real Sociedad ass mat engem 2:2 op en Enn gaangen an och tëscht Frankfurt a Fenerbahce gouf et kee Gewënner.