
Domat huet de Kenianer den ale Weltrekord vu sengem Landsmann Eliud Kipchoge ëm 34 Sekonne verbessert. Domat si bannent 14 Deeg béid Marathon-Weltrekorder gebrach ginn. De 24. September war jo bei den Dammen d’Ethiopierin Tigist Assefa an 2 Stonnen, 11 Minutten an 53 Sekonnen och neie Weltrekord gelaf.