No BlessurKeng einfach Zäit fir de Mathias Olesen

RTL Lëtzebuerg
Den Ament ass et keng einfach Zäit fir den 21 Joer ale Futtball Nationalspiller, dee virun allem an der lescht ëmmer méi fir den 1. FC Köln gespillt huet.
© Val Wagner / Archiv

Keng einfach Zäit fir de Mathias Olesen

An der 17. Spillminutt huet de Mathias Olesen géint Stuttgart blesséiert missen ausgewiesselt ginn. E Méindeg gouf hien dunn operéiert. Wéi laang den 21 Joer ale Mëttelfeldspiller vu Köln ausfale wäert, steet nach net genee fest:

“Ech gouf um Spronggelenk operéiert an alles ass gutt verlaf. Ech fille mech lo nees gutt, sou gutt wéi méiglech. Ech weess nach net, wéi laang ech ausfale wäert, mä dat dauert puer Méint warscheinlech.”

D’Reha mécht de Mathias Olesen, net sou wéi den Olivier Thill zu Lëtzebuerg, mä bei sengem Veräin dem 1. FC Köln. Dräi Matcher an der Bundesliga an zwee Matcher an der Conference-League-Quali huet hien dës Saison um Bockel. Grad elo, wou de sechsfache Lëtzebuerger Nationalspiller méi Spillzäit krit huet, blesséiert hie sech schwéier. Eng Situatioun, déi net einfach ze verdauen ass:

“Ech hu mech ëmmer méi a méi an d’Ekipp gekämpft an ech krut ëmmer méi a méi Spillzäit. Alles ass richteg gutt gelaf bei mir an op eemol verletz du dech a fäls puer Méint aus. Dat ass natierlech net einfach ze verdauen, awer sou ass d’Liewen. Et ginn “Up’s and Down’s” an ech muss elo einfach zeréckkommen.”

Säin Trainer Steffen Baumgart huet him probéiert Mutt zouzeschwätzen:

“Mäin Trainer sot och zu mir, datt et ganz schued ass, well ech richteg gutt drop war. Mä ech muss lo einfach zeréckkommen. Ech weess elo, wou ech hi muss, an dat ass gutt.”

Den Ament huet den 1. FC Köln grousse Pech mat Blessuren. Ganzer véier Stéck hu sech de leschte Weekend géint Stuttgart blesséiert. Virun allem am defensive Beräich feelt et hinne lo elo u Spiller. E Samschdeg geet et géint Wolfsburg an do däerf ee gespaant sinn, wéi d’"Geissböcke” dës Ausfäll kompenséiere kënnen.

Back to Top
CIM LOGO