Zu dësem AmentKeng Impf-Prioriséierung vu Lëtzebuerger Sportler wéinst Olympesche Spiller
Den Dan Kersch schreift, dass zu dësem Moment, wou den Impfstoff nach rar ass, Prioriséierunge vu Sportler net ubruecht sinn.
An enger dréngender parlamentarescher Fro wollt d’CSV-Deputéiert Nancy Kemp-Arendt ënnert anerem vum Sportminister wëssen, ob et fir de Ministère ethesch vertrietbar wier, dass Lëtzebuerger Sportler an hir Accompagnateuren, déi sech fir d’Olympesch Spiller zu Tokio qualifizéiert hunn, eventuell misste prioritär géint de Covid-19 geimpft ginn an och missten een Impfpass hunn?
A senger Äntwert schreift den Dan Kersch, dass et zu dësem Moment, wou den Impfstoff nach rar ass, net ubruecht ass, fir eng Prioriséierung fir Lëtzebuerger Sportler a schonns guer net fir hir Accompagnateuren ze maachen.
A Funktioun vun endgültegen Informatioune géif d’Regierung déi Entscheedungen huelen, déi si misst huelen an dat ënner Récksiicht vun ethesche Krittären.
Zu dësem Moment wier et dofir awer vill ze fréi an dofir kann de Sportminister och d’Drénglechkeet vun der parlamentarescher Fro vun der Madamm Kemp-Arendt net verstoen.
PDF Parlamentaresch Fro an Äntwert