TennisKeng Revanche fir de Chris Rodesch

RTL Lëtzebuerg
Beim ITF-Turnéier zu Esch um Gaalgebierg ass de Chris Rodesch an der Halleffinall ausgescheet, den Alex Knaff steet par conter an der Finall.
© Tim Hensgen

Genee ewéi de leschte Weekend beim 50.000$ Turnéier am nationalen Tenniszenter zu Esch huet de Chris Rodesch (WR 748) an der Halleffinall verluer.

Den 21 Joer ale Student verléiert op en Neits géint de Marlon Vankan. Géint den Däitschen, dee bei der Spora lizenzéiert ass, gouf et um Samschdeg eng 6-7- a 5-7-Defaite.

Fir den Alex Knaff ass et an der zweeter Halleffinall besser gelaf. Hie konnt sech an zwee Sätz (7:6, 6:4) géint de Mikalai Haliak duerchsetzen.

Back to Top
CIM LOGO