Europaspiller zu KrakauKënschtlech Intelligenz wäert Liichtathletik-Kompetitioun kommentéieren

RTL Lëtzebuerg
An der Liichtathletik bei den Europaspiller zu Krakau Enn Juni wäerten d'Kommentaren deels vu KI generéiert ginn.
© ARTUR WIDAK via AFP

Dass déi kënschtlech Intelligenz ëmmer méi u Bedeitung an eisem Alldag ze kréie schéngt, gesäit een nees gutt un der Nouvelle, déi vu Krakau aus Polen kënnt. Vum 21. Juni bis den 2. Juli wäerten nämlech hei d’Europaspiller organiséiert ginn, eng Rei vu sportleche Kompetitiounen tëscht europäesche Länner, déi deene vun den Olympesche Spiller gläichen. Et ass eréischt déi drëtt Editioun.

Wéi déi “Europäesch Rundfunkunioun” (EBU) elo matgedeelt huet, soll d’KI d’Stëmm vun der brittescher Kommentatorin a fréierer Liichtathletin Hannah England kreéieren, dat fir e 24-Stonne-Liveblog an en Audiostream ze verwandelen.

Ech freeë mech op d’Zesummenaarbecht mat European Athletics an der EBU, fir erauszefannen, wéi mir eis Fans nach méi Contenu bidde kënnen, an deem mir mat enger Stëmm schwätzen”, esou d’Hannah England an der Erklärung vun EBU. A weider: “Eurovision Sport an European Athletics wëllen déi neiste KI-Technologie testen an domadder demonstréieren, wéi se an engem iwwerwaachte Kader effektiv agesat ka ginn, fir sou de Mënschen e méi grousse Choix kënnen ze ginn, wéi se hire Liblingssport suivéiere kënnen.

Back to Top
CIM LOGO