Chamberkommissioun SportKersch: FLF-Decisioun ofwaarden, dann iwwer weider Schrëtt diskutéieren

Franky Hippert
En Donneschdeg de Moie war d'Chamkommissioun Sport beieneen, fir iwwert eng méiglech Exit-Strategie am Sport ze diskutéieren.

Kënnt et eventuell an den nächste Wochen zu Upassunge “vu Regierungssäit am Kader vum Coronavirus”, fir de Championnat an der ieweschter Divisioun am Lëtzebuerger Futtball bis Ufank August fäerdeg ze spillen?

Eisen Informatiounen no huet den CSV-Deputéierten an Escher Buergermeeschter Georges Mischo dem Sportminister Dan Kersch den Donneschdeg de Moien an der Chamberkommissioun Sport d’Fro gestallt, wéi dann elo d’Strategie vun der Regierung am Kader vum Coronavirus a Saachen héchst Divisioun am nationale Futtball wär?

D’FLF, déi Lëtzebuerger Futtballfederatioun, huet jo e Mëttwoch de Championnat an allen Divisiounen, bis op d’BGL Ligue, fir fäerdeg erkläert. D’Uefa, déi europäesch Futtball-Unioun géif am léifste gesinn, wann d’Championnater an den héchsten Divisioune kéinte fäerdeg gespillt ginn.

An Däitschland zum Beispill gëtt jo zanter Ufank Abrëll nees ënner strenge Reegelen an a klenge Gruppen trainéiert. D’Matcher, sou wéi et ausgesäit, kéinten déi Säit der Musel vu Mëtt Mee un nees gespillt ginn, natierlech ouni Spectateuren.

Eisen Informatiounen no gouf den Donneschdeg de Moien d’Fro opgeworf, ob een dat dann net och hei zu Lëtzebuerg, well Futtball eben och dobaussen ass, fir déi iewescht Divisioun kéint esou virgesinn.

Et ass eleng d’Futtball.Federatioun, déi doriwwer ze decidéieren huet. A wa si eng Decisioun geholl huet, dass misst weidergespillt ginn, da musse mir eis zesummesetzen a kucken, fir Léisungen ze fannen. Awer och do soen ech: Et ass nach ëmmer d’Gesondheet, déi priméiert vis à vis vun allen aneren Iwwerleeungen. Dat däerf ni aus den Ae verluer ginn.”, esou den Dan Kersch.

Den Dan Kersch am Interview
De Lëtzebuerger Sportminister iwwer den nationale Futtball.

RTL-News: DFL - 1. an 2. Bundesliga soll den 9. Mee nees ugoen

Back to Top
CIM LOGO