
Dat huet d’DFL en Donneschdeg de Mëtteg matgedeelt. Déi definitiv Decisioun muss awer d’Politik huelen. D’Ministerpresidenten an d’Bundeskanzlerin Angela Merkel kéinte bei enger Konferenz den 30. Abrëll eng Decisioun huelen.
Op alle Fall, wann et der DFL nogeet, soll an der Bundesliga nees vum 9. Mee u gespillt ginn. Deen Datum wier awer och net fix, och hei léich d’Decisioun bei der Politik.
D’Matcher sollen ouni Spectateure gespillt ginn, weider ginn et nach eng ganz Rei strikt Moossnamen. Esou sollen all Bedeelegt reegelméisseg getest ginn.
Weider dierften an der éischter Liga nëmmen 213 Persounen an d’Banneraim vun engem Stadion an nëmmen 109 Persounen op d’Tribün. An der zweeter Liga ass hei nach méi streng. do sinn et 90 Persoune bannen, 98 op der Tribün.
All Ekipp hätt deen Ament och een eegenen Hygiène-Beoptraagten, deen oppasst, dass all d’Reegelen agehale ginn.
Nach net gekläert ass, wat geschitt, wann e Spiller sech infizéiere sollt.
D’DFL huet vill Kritik missen astiechen an de leschte Wochen, well een de Championnat eben op en Enn spille wéilt. Allerdéngs huet d’DFL betount, datt och am Beräich vum Futtball vill Leit géinge schaffen an un déi misst och geduecht ginn.
