E Mëttwoch huet d'FLF offiziell matgedeelt, dass een d'Decisioun geholl huet, fir de gréissten Deel vun der Futtball-Saison net op en Enn ze spillen.

Just d'BGL Ligue, deemno déi héchst Divisioun, ass heivunner net betraff.

De Verwaltungsrot vun der nationaler Futtball-Federatioun huet decidéiert, dass bis op déi iewescht Divisoun bei den Hären, alleguerten d'Kompetitiounen eriwwer sinn. Dat heescht d'Championnat, d'Coupe an och de Futsal, souwuel bei den Häre wéi och bei den Dammen an natierlech och d'Jugendkategorien. Idem fir de Corporatif Futtball.

D'FLF huet dann och decidéiert, dass et dës Saison keng Ofsteiger ginn. Et gouf awer festgehalen, dass Ekippen opsteigen.

Aus der Éierepromotioun sinn dat Hesper a Wolz, déi an der nächster Saison an der BGL Ligue spillen.

Miersch a Beetebuerg, déi an hire Bezierker an der 1. Divisioun op den éischte Plazen den 12. Mäerz waren, steigen an d'Éierepromotioun.

Bei den Dammen ass de Racing Champion an Hesper a Bartreng steigen aus der 2. Liga op.

De Futtball-Dag zu Ettelbréck gouf och ofgesot.

Wat d'BGL Ligue ugeet, ass nach keng Decisioun geholl ginn.