VolleyballKids Days - Kanner a jonkem Alter mat Sportaart a Kontakt bréngen

Marc Burelbach
Et ass e Sport, deen allgemeng als technesch Usprochsvoll gëllt a fir Kanner bis 10 Joer schwéier ze léieren ass.
Kids Days - Kanner mam Volleyball a Kontakt bréngen
Et geet drëms, fir Kanner a jonkem Alter mam Volleyball a Kontakt ze bréngen a sech ze beweegen.

Net Ëmsoss ginn déi offiziell Kategorien am Volleyball eréischt am Alter vun 12 Joer un. Déi Lëtzebuerger Federatioun wëll awer elo e Wiessel erbäiféieren an d’Kanner scho wäit virun 10 Joer mat hirer Sportaart a Kontakt bréngen. Am Kader vun der Letzvolley Academy goufen elo déi éischt 3 Kids Days organiséiert.

D’Invitatioun fir dëse Spillnomëtteg huet sech u Kanner tëschent 5 an 10 Joer adresséiert. En Alter andeem ee schwéier scho vu Volleyball schwätze kann. An awer konnt ee bäi munch proposéiertem Atelier erkennen ëm wat et géif goen.

Allgemeng Motorik, Aen-Hand, Fouss oder Kapp Koordinatioun bis hin zur Reaktiounszäit a Gläichgewiichtstraining. Vun allem war eppes dobäi.

Zil ass et, dës zousätzlech Offer u sportlecher Aktivitéit reegelméisseg unzebidden a mëttelfristeg d’Kanner fir de Volleyball ze begeeschteren. Deemno ass och de Kontakt zu de lokale Veräiner immens wichteg.

No den 3 Editioune vu Stroossen, Biissen an Esch soll et am Hierscht mat de Kids Days weidergoen an nach weider nei Formater aus der Letzvolley Academy organiséiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO