
Um Mëttwoch goufen an de Gruppen A, B, C an D déi éischt Matcher vun dëser Champions-League Saison ausgedroen.
Am Grupp A ass Bayern München als Favorit géint Atletico Madrid an de Match gaangen, ass deem och gerecht ginn a wënnt mat ... . Am zweete Match trenne sech déi 2 Outsider vun dësem Grupp, Salzburg a Lokomotive Moskau, mat 2:2.
Eng fauschtdéck Iwwerraschung gouf et am Grupp B wéi Real Madrid mat 2:3 géint Donezk verluer huet. Schonn no den éischte 45 Minutten louch Donezk mat 3:0 a Féierung. Inter Mailand a Gladbach trenne sech no engem gudde Match mat 2:2.
Am Grupp C wënnt Manchester City wéi erwaart mat 3:1 géint Porto an Olympiakos ka sech mat 1:0 géint Marseille duerchsetzen.
Am Grupp D hat Atalanta Bergamo keng Problemer mat Mydtjylland a wënnt mat 4:0. Liverpool ka sech duerch en Eegegol mat 1:0 géint Ajax Amsterdam duerchsetzen.
Bayern München - Atletico Madrid 4:0
1:0 Coman (28.’), 2:0 Goretzka (41.’), 3:0 Tolisso (66.’), 4:0 Coman (72.’)
Schonn direkt an der 3. Minutt war et eng éischte kéier geféierlech ginn virum Gol vu Neuer. Vu lénks huet de Lodi de Ball fest a flaach an d’Mëtt ginn wou de Suarez just ganz knapps de Ball verpasst huet. Eng richteg gutt Chance fir Bayern München gouf et dunn an der 15. Minutt. No engem Corner huet de Müller de Ball weider an d’Mëtt verlängert vu wou aus de Süle de Ball mam Fouss aus 6 Meter op de rietse Potto geschoss huet.
Dono war Bayern München déi dominant Ekipp an Atletico stoung déif an huet ëmmer erëm schnell ëmgeschalt. An der 28. Minutt huet de Kimmich aus dem Mëttelfeld eng herrlech Pass an de Strofraum op de Coman gespillt, deen eleng virum Oblak cool bliwwen ass an de Ball an de laangen Eck geschoss huet.
No 41 Minutten hunn d’Münchner nogeluecht a konnten den 2:0 markéieren. Op lénks ass de Coman an de Strofraum gezunn, huet eriwwer op de Goretzka gepasst an deen huet äiskal an de laangen Eck ofgeschloss.
Dës Féierung war no den éischte 45 Minutten och absolut verdéngt wëll Bayern München huet dominéiert an Atletico hat just wéineg gutt Offensivaktiounen.
D’Gäscht si gutt aus der Paus komm a konnten direkt no 2 Minutten den 1:2 duerch de Joao Felix schéissen mee de Suarez stoung am Abseits, huet dem Neuer d’Siicht verspäert an doropshin huet de Gol berechtegterweis net gezielt. Bayern ass trotz allem awer déi besser Ekipp bliwwen an an der 66. Minutt huet den Tolisso mat enger Rakéit op 3:0 erhéicht. Aus 25 Meter huet den Tolisso mat vollem Risiko ofgezunn an huet de Ball mat engem wonnerschéine Schoss an de Wénkel gedonnert.
Just 6 Minutte méi spéit war de Coman duerch, ass an de Strofraum gelaf, huet mat e puer Crochet’en de Felipe an de Koke stoe gelooss an an de laangen Eck ofgeschloss.
Dono ass dunn och net méi vill geschitt a Bayern München wënnt och an der Héicht verdéngt mat 4:0.
RB Salzburg - Lokomtive Moskau 2:2
0:1 Eder (19.’), 1:1 Szoboszlai (45.’), 2:1 Junuzovic (50.’), 2:2 Lisakovich (75.’)
Real Madrid - Shachtar Donezk 2:3
0:1 Tete (29.’), 0:2 Varane (33.’, Eegegol), 0:3 Solomon (42.’), 1:3 Modric (54.’), 2:3 Vinicius Junior (59.’)
Inter Mailand - Mönchengladbach 2:2
1:0 Lukaku (49.’), 1:1 Bensebaini (63.’, Eelefmeter), 1:2 Hofmann (84.’), 2:2 Lukaku (90.’)
Manchester City - FC Porto 3:1
0:1 Luis Diaz (14.’), 1:1 Agüero (20.’, Eelefmeter), 2:1 Gündogan (65.’), 3:1 Ferran Torres (73.’)
Olympiakos Piräus - Olympique Marseille 1:0
1:0 Kouka (90.+1.’)
Ajax Amsterdam - FC Liverpool 0:1
0:1 Tagliafico (35.’, Eegegol)
Mydtjylland - Atalanta Bergamo 0:4
0:1 Zapata (26.’), 0:2 Gomez (36.’), 0:3 Muriel (42.’), 0:4 Miranchuk (88.’)