
D’Etzella huet sech e Freideg den Owend mat 4:0 géint den RM Hamm Benfica duerchgesat. An der Paus louchen déi Ettelbrécker no Goler vun Nicolay (2') an Herr (40') mat 2:0 a Féierung. Nom Téi huet den Herr (60') eng weider Kéier getraff an den Hemkemeier (72') huet fir d’Schlussresultat gesuergt.
D’Etzella séchert sech domadder wichteg Punkten an der Lutte géint den Ofstig. Hamm bleift mat nëmmen dräi Punkten an dëser Saison weider kloer d’Schlussliicht.