
Cagliari Calcio - Inter Mailand 0:2
0:1 Dumfries (21'), 0:2 Martinez (30')
Inter war dominant auswäerts bei Cagliari Calcio. Däitlech méi Ballbesëtz, méi Chancen an awer och ganz wichteg méi Goler konnten d’Favoritten an dëser Partie markéieren. Grad tëscht der 20. an 30. Minutt ware si ganz staark am Ofschloss a konnten an dëser Period direkt zwee Mol feieren, dat duerch den Dumfries an der 21. an dem Martinez an der 30. Minutt. Dëst sollten dann och déi zwee eenzeg Goler an dëser Partie sinn.
US Salernitana - Udinese Calcio 1:1
0:1 Samardzic (57'), 1:1 Dia (72')
Nodeem an den éischte 45 Minutte wéineg passéiert ass, huet de Samardzic d’Gäscht no 57 Minutten a Féierung bruecht. Ma Udinese sollt et net fäerdeg bréngen, déi dräi Punkte matheem ze huelen, well den Dia huet no 72 den Ausgläich markéiert. Dobäi sollt et dann och bleiwen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
FC Getafe - Deportivo Alavés 1:0
1:0 Mayoral (84',p)
Getafe huet sech schwéier géint Alavés doheem gedoen. D’Gäscht hate méi Ballbesëtz an änlech vill Chancen, wéi d’Haushären. Well aus dem Spill eraus awer kee wierklech vill Accenter virum Gol setze konnt, huet een Eelefmeter no engem Foul an der 81. Minutt, no Récksprooch mam Videoassistent, fir den eenzege Gol an dëser Partie gesuergt.