
De véierfache Weltmeeschter USA ass mat enger Victoire an d’Kompetitioun an Australien an Neiséiland gestart. Beim 3:0 géint Vietnam huet déi 22 Joer jonk Sophia Smith dem Match hire Stempel opgedréckt. Mat zwee Goler an der éischter Hallschent huet dat jonkt Talent senger Ekipp de Wee a Richtung éischt dräi Punkte preparéiert.
Sambia koum bei senger Weltmeeschterschaftspremière ënnert d’Rieder. Japan, de Weltmeeschter vun 2011, huet d’Afrikanerinne mat 5:0 geklappt. De Ball hat nieft de fënnef Goler fir Japan nach zwee Mol de Wee an de Filet fonnt, mee béid Situatioune goufe wéinst Abseits oferkannt. D’Hanita Miyazawa war mat zwee Goler bescht Buteuse. Trotz de ville Géigegoler konnt d’Golkippesch vu Sambia eng Rei spektakulär Parade weisen.
England konnt sech an enger spannender Partie mat 1:0 géint Haiti duerchsetzen, dat immens staark opgespillt an d’Europameeschterinne deels viru grouss Problemer gestallt huet. De Match gouf duerch en Eelefmeter vum Georgia Stanway an der 29. Minutt decidéiert, awer eréischt am zweete Versuch. D’Golkippesch vun Haiti hat den éischte Schoss ofgewiert, mee stoung beim Ofsprong net mat engem Fouss op der Gollinn.
Mam selwechte Resultat huet sech Dänemark géint China behaapt. Den entscheedende Gol fir d’Skandinavierinnen ass eréischt an der Nospillzäit gefall.
USA - Vietnam 3:0
1:0 Smith (14'), 2:0 Smith (45'+7), 3:0 Horan (77')
Sambia - Japan 0:5
0:1 Miyazawa (43'), 0:2 Tanaka (55'), 0:3 Miyazawa (62'), 0:4 Endo (71'), 0:5 Ueki (90'+11, Eelefmeter)
England - Haiti 1:0
1:0 Stanway (29', Eelefmeter)
Dänemark - China 1:0
1:0 Vangsgaard (90'+1)