Internationale FuttballKloer Victoire fir Neapel géint Juventus Turin

RTL Lëtzebuerg
An der Partie um Freideg den Owend fir de 18. Spilldag an der Serie A wënnt Neapel däitlech mat 5:1 géint Juventus Turin.

Serie A

Neapel-Juventus Turin 5:1

1:0 Osimhen (14'), 2:0 Kvaratskhelia (39'), 2:1 Di María (42'), 3:1 Rrahmani (55.), 4:1 Osimhen (65'), 5:1 Elmas (72')

Neapel ass Wantermeeschter an Italien, virop fir déi éischt Hallschent vun der Serie A, mee de Wee, fir no 1990 endlech nees Champion ze ginn, ass nach wäit. Déi 4. Victoire doheem hannereneen ass d’Zil géint Juventus Turin. An der Partie fir den 18. Spilldag war Neapel déi dominéierend Ekipp. Um Enn vun den éischte 45 Minutten stoung et deemno 2:1. Och an der zweeter Hallschent goung et ganz am Sënn vun Neapel, déi spéitstens mam Kappball vum Osimhen fir de 4:1 de Sak zougemaach hunn. Um Enn stoung et 5:1.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Premier Ligue

Aston Villa-Leeds United 2:1

1:0 Bailey (3'), 2:0 Buendia (66'), 2:1 Bamford (83')

Aston Villa kann de Match um 20. Spilldag scho ganz fréi fir sech entscheeden mat engem Gol vum Leon Bailey an der 3. Minutt. An der 66. Minutt ass et den 2:0 vum Buendia. Leeds äntwert ze spéit mam 2:1. D’Victoire ass fir Aston Villa um Freideg den Owend.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

La Liga

Celta Vigo-FC Villareal 1:1

0:1 Moreno (15'), 1:1 Jorgen Strand Larsen (69')

De Gerard Moreno huet an der 15. Minutt den éischte Gol an dëser Partie fir de 17. Spilldag an de lénken Eck geschoss. D’Äntwert kënnt réischt an der 69. Minutt mam 1:1 vum Jorgen Strand Larsen. Dat ass och d’Schlussresultat gewiescht.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO